
E Méindeg den Owend um 20 Auer mécht déi nei Maison médicale zu Ettelbréck hir Dieren op. E Méindeg de Moie war déi offiziell Inauguratioun a Presenz vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez an dem Ettelbrécker Schäfferot. D'Maison Médicale war vun 2012 un an der Avenue Lucien Salentiny an ass elo an d'Avenue des Alliés geplënnert, op de Site vun der fréierer Zigarettefabrick. Déi al Maison médicale wier net méi adaptéiert gewiescht, erkläert den nationale Koordinator vun de Maisons médicales, den Dr Kevin Prohaska.
"Also déi al Maison médicale déi mer haten, war einfach net méi vun de Lokaler gerecht. Mir konnten do ganz schlecht Leit eranhuelen, déi eng Mobilité réduite haten oder Leit mat enger Kutsch zum Beispill. D'Consultatiounsraim waren och ganz kleng, soudass ee wierklech immens ageengt war an doduerch hu mer hei méi grouss Raim zur Verfügung kritt. Mir haten an där aler Maison médicale och d'Schwieregkeeten, wa mer d'Leit wollten transferéieren, mat enger Ambulanz fir ee Brancard eranzekréien."
Am Ganze ginn et am Grand-Duché dräi Maisons médicales. Eng am Zentrum, net wäit vum CHL, eng um Belval an eeben eng zu Ettelbréck. Am Osten ginn et aktuell keng konkret Pläng an och net fir eng zweet am Norden, huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez op Nofro hi präziséiert.
"Dir hutt den Accord de Coalition warscheinlech gelies, do steet dran, datt mer eng am Norden an am Oste géifen envisagéieren, bäizemaachen. Mir sinn do a Gespréicher mat de Generalisten an denken, datt mer de Moment, esou wéi mer opgestallt sinn, déi dräi grouss Regioune Süden, Norden, Zentrum gutt ofgedeckt hunn. An déi Dokteren, déi déi Garde leeschten, leeschte vill Aarbecht. An de Moment ass d'Couverture vun den Dokteren net esou, datt mer kënnen eng nächst Maison médicale opmaachen."
Déi nei Maison médicale zu Ettelbréck funktionéiert all Dag ouni Rendez-vous mat zwee Consultatiounsraim an zwee Dokteren, wouvunner ee pro Schicht, deen och Hausvisitte mécht. An der Woch ass vun owes 20 Auer bis Mëtternuecht op. A weekends vu moies 8 Auer bis Mëtternuecht.
An der Woch tëscht 8 Auer Moies an 20 Auer Owes, soll ee bei säin Hausdokter goen. Owes tëscht 20 Auer a Mëtternuecht dann an d'Maisons Médicales. De Weekend sinn d'Maisons Médicales scho vu Moies 8 bis Owes Mëtternuecht besat.
Tëscht Mëtternuecht a Moies 7 Auer, fiert den Dokter vum Déngscht, deen iwwer den 112 alertéiert gëtt, eraus bei Patienten. An d'Urgence vun de Cliniquen, soll e just bei reellen Noutfäll goen.
Iwwert den Dag ginn um 63, d’Avenue des Alliés, och aner Servicer ugebueden, wéi de Service audiophonologie, de Service orthoptique oder et kann een zum Beispill och do Blutt spenden.
D’Adressen vun den 3 Maisons Médicales:
Norden: 63, avenue des Alliés L-9012 Ettelbréck
Zentrum: 23, Val Fleuri L-1526 Lëtzebuerg
Süden: 3-5, avenue du Swing L-4367 Bieles (op Belval)