Lëtzebuerger Filmfong15 vun 29 Projete kréien eng finanziell Ënnerstëtzung

RTL Lëtzebuerg
Insgesamt 7.870.377 Euro ginn an d'Produktioun vun de 15 Filmprojete gestach.

15 Projete ginn an der 3. Sessioun vun dësem Joer vum Filmfong finanziell ënnerstëtzt. De Comité de sélection huet an dëser Sessioun net manner wéi 29 Projeten analyséiert.

Insgesamt gi 7.870.377 Euro an d’Produktioun, an d’Ecriture wéi och an den Developpement vu 15 Filmprojeten investéiert.

Déi gréissten Zomm vun 3.000.000 Euro geet un de Film Tally Ho!, deen de Sean McCormack wëll realiséieren. Am Ganze gi 6 Filmer, 1 Animatiounsfilm, 1 Dokumentarfilm, 1 Serie, 1 Doku-Animatiounsserie, 1 Animatiounserie, 2 Kuerzfilmer a 2 Animatiounskuerzfilmer finanziell ënnerstëtzt.

De Comité de sélection kënnt all Joer véiermol zesummen, déi nächst Sessioun wäert dann am November sinn.

Déi komplett Lëscht mat de Projeten, déi zeréckbehale goufen, fannt Dir am offizielle Pressecommuniqué vum Filmfong.

Back to Top
CIM LOGO