
Iwwer 20.000 Visiteuren hunn de Wee dëse Weekend op den E-Lake fonnt, engem Festival, deen et zu Iechternach schonn zanter 1996 gëtt. Um Sonndeg den Owend konnt da schonn en éischte Bilan gezu ginn. De Reen huet e Freideg dofir gesuergt, datt d'Leit méi spéit koumen, esou d'Organisateuren.
Mam Samschdeg du war een awer richteg zefridden, esou wéi och mat der Editioun. Zwar ass et net esou super gaangen, wéi et déi lescht Joren de Fall war an awer schwätzt ee vun engem gudde Joer.
Eppes konnt awer scho verrode ginn. Déi 25. Editioun wäert och dat nächst Joer stattfannen.
Eise Fotograf Henri Schwirtz war um Samschdeg den Owend um E-Lake, an huet eis e puer flott Impressioune matbruecht.
E Samschdeg stoungen op der Bühn: