Fête de la Musique Diddeleng26. Editioun mat ënner anerem Frank Turner, Lea, Seed To Tree a ville méi

RTL Lëtzebuerg
De 15. Juni ass et nees sou wäit, dann ass zu Diddeleng am Kader vun der Fête de la Musique nees eng méi lass.
© RTL Archivbild

All Joer zitt d'Diddelenger Museksfest eng grouss Mass vu Leit un. Et si besonnesch déi vill verschidde Museksrichtungen, déi dëse Festival esou beléift maachen an dat iwwert d'Grenzen eraus.

E Méindeg de Moien hunn d'Organisateuren de Line-up presentéiert an do ass mat ronn 80 Bands fir all Goût eppes dobäi.

Op 10 Open-Air-Bühnen an a 4 Baren a Caféen trieden déi sëllechen international wéi och lokal Museker op an invitéieren duerch d'Diddelenger Stroossen a Gaassen ze trëppelen.

Wéi all Joer zirkuléiert och nees de City Bus Fête de la Musique, deen d'Leit all hallef Stonn an déi verschidde Quartiere féiert. Deen éischte Bus fiert um 18 Auer, dee Leschten um 3. Da gëtt et awer och nach eng Navette, déi tëscht der Zone Industrielle Wolser an der Place Fohrmann pendelt. Hei sinn d'Horaire vun 18 bis 3.15 Auer.

© fdlm-dudelange.lu

Sämtlech Detailer iwwert d'Fête de la Musique Diddeleng fënnt een op www.fdlm-dudelange.lu

PDF: Informatiounen an de Programm vun der Fête de la Musique

Back to Top
CIM LOGO