
Wéi de FilmFong en Donneschdeg den Owend wësse gedoen huet, sinn “Kensuke’s Kingdom” vu Melusine Productions an “La Sirène” vu BAC Cinéma op der offizieller Competitiounslëscht. “Nina et le secret du herisson” vun Doghouse Films ass an der Kategorie “hors compétition” nominéiert.
De Festival vun Annecy gëllt als ee vun de renomméiertsten Animatiounsfilm-Festivaler op der Welt an de FilmFong ass hei mëttlerweil schonn déi 22. Kéier mat engem Promotiounsstand vertrueden.