
An der Chamberkommissioun fir d’Travaux Publics gëtt en Donneschdeg de Moien de Rapport vum gréngen Deputéierte Carlo Back wuel ofgeseent, deen d’nächst Woch an d’Chamber kënnt, fir do gestëmmt ze ginn.
Net manner wéi 35,33 Milliounen si virgesinn, fir Bauprojeten um Site Esch-Belval: sou gëtt d’Mëllerei vun 1910 als “Digital space” nei amenagéiert, och entsteet eng Bréck tëscht dëser Plaz an der Géisshal vum Héichuewen A.
E weidert wichtegt Element am Gesetzprojet ass de Bau vun engem Gebai fir d’Direktioun-Ekipp vum Kulturjoer “Esch 2022". Rieds geet vum “Headquarter”. Geplënnert gëtt da vun Déifferdeng op Belval.
Nieft der Renovatioun bannent der Massenoire an dem Fundament vum Héichuewen C, gëtt och d’gielt SKIP-Gebai vum Rond-Point Räemerech op de Site vun Esch-Belval geplënnert.
Wat de kulturelle Volet vun “Esch 2022" no den Ausschreiwungen ugeet, sou ginn et Neiegkeeten heiriwwer an engem knappe Mount.
Esch 2022 - wou ass de Projet drun? D’Nancy Braun am Interview mam Claudia Kollwelter.