Groussen Theater49 Produktiounen, dorënner 5 nei Kreatioune fir déi nei Saison 23/24

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie gouf déi nei Saison 23/24 vum Groussen Theater virgestallt. Gläichzäiteg gouf awer och e klenge Bilan vum Ufank vum Joer gemaach.

Et kann een deemno soen, datt de Public no de Pandemie--Joren de Wee erëm zréck an den Theater fonnt huet. Hei gëtt et eng Augmentatioun vu 54% par Rapport zu der selwechter Period Januar bis Juni 2022. An och d’Abonnementer sinn erëm an d’Luucht gaangen, esou datt een elo erëm bal um selwechten Niveau ass wéi virun der Pandemie.

Am Ganze si fir déi nei Saison 49 Produktiounen annoncéiert ginn, dorënner Oper, Danz an Theater. Zënter e puer Joer setze sech d’Stater Theater dann och dofir an, national Kreatiounen ze ënnerstëtzen. Ënnert de Produktioune si 5 nei Kreatiounen.

Elena - vum Myriam Muller

Nom grousse Succès vu Breaking the Waves (2019) inzenéiert d’Myriam Muller eng nei Adaptatioun vun engem Filmzenario: Elena vum Oleg Neguine an Andreï Zviaguintsey. Wéi och scho bei hire leschten Inzenéierunge wäert d’Myriam Muller och dës Kéier mat Video a Live-Musek schaffen, fir d’Emotioune vum Stéck ervirzehiewen.

Doniewent gëtt et dann awer och eng Reprise vum Theaterstéck Liliom ou la vie et mort d’un vaurien.

Theaterstéck "Liliom ou la vie et mort d'un vaurien"
De Liliom, deen als Animateur op enger Fouer schafft, gëllt als hëtzege Näischnotz a charmante Fraenheld.

Cock - vum Anne Simon

D’Regisseurin Anne Simon ass bekannt dofir, Theaterstécker op Englesch ze inzenéieren. Sou och mat “Cock”, e Stéck dat 2009 vum Mike Berlett geschriwwe ginn ass. Hei geet et ëm d’Exploratioun vun der sexueller Identitéit an enger Welt, wou alles méiglech ass. An der Geschicht geet et ëm den John, dee sech vu sengem Laangzäit-Frënd trennt an op eemol zoufälleg d’Fra vu sengem Liewe fënnt.

© Theatres de la ville de Luxembourg

Léa et la théorie des systèmes complexes - vum Ian de Toffoli an Renelde Pierlot

Den Auteur Ian de Toffoli bleift an der Kontinuitéit, politesch an dokumentaresch Stécker op d’Bün ze bréngen. Mat “Léa et la théorie des systèmes complexes” ginn d’Pëtrolsindustrie, déi ekonomesch Strukturen hei zu Lëtzebuerg an de Kampf géint de Klimawandel ugeschwat. Fir d’Mise en scène huet de Ian de Toffoli sech d’Renelde Pierlot mat u seng Säit geholl.

D’Stéck hieft ervir, wéi schwéier et ass, eise Planéit ze retten, wann een déi ganz komplex ekonomesch Mechanismen retracéiert an enger globaliséierter Welt, wou alles matenee verbonnen ass.

De Geescht oder d’Mumm Séis - vum Samuel Hamen an Jacques Schiltz


Am Kader vum Edmond de la Fontaine, och Dicks genannt, sengem 200. Gebuertsdag, gëtt e Klassiker op der Bün vum Groussen Theater nei inzenéiert. Den Auteur Samuel Hamen an de Regisseur Jacques Schiltz projezéieren d’Mumm Séis an d'21. Joerhonnert. Bei dëser Kreatioun trëfft Traditioun op Modernitéit, Nostalgie op Ironie an Operette op zäitgenëssesch Ënnerhalung.

© Collection Veiner Geschichtsfrënn

my body keeps changing my mind - vum Marion Rothhaar

Mat “my body keeps changing my mind” setzt sech d’Regisseurin Marion Rothhaar mam trauregen Dout vun der Pop-Ikon Karen Carpenter auserneen. Viru 40 Joer ass si un de Suitte vun enger Anorexie am Alter vun 32 Joer verstuerwen.

The Carpenters si bis haut déi erfollegräichst Geschwëster-Koppel an der Pop-Geschicht an hu weltwäit Millioune Placke verkaf. Ma d’Karen Carpenter ass awer deemools an de 1970er Jore mam Drock net eens ginn an no hirem Dout ass Thema vun den Iessstéierunge fir di éischte Kéier an de Medien thematiséiert ginn.

Red Bridge Project

Fir déi nei Saison gouf dann och eng nei Editioun vum “Red Bridge Project” virgestallt. Dëst ass e Projet, dee Brécke baut tëschent der Philharmonie, dem Mudam an dem Groussen Theater. An dofir gëtt dann allkéiers ee bekannten Artist invitéiert, fir hei eng ganz Programmatioun ronderëm déi 3 Haiser ze kreéieren. Dëst Joer ass et de Lemi Ponifasio, en international unerkannten Theaterregisseur, Choreograph a Kënschtler. Hien ass bekannt fir seng radikal Approche am Theater. Aktivismus a Collaboratioune mat Communautéiten si seng Markenzeechen.

© MAU

Déi ganz Programmatioun vun der aktueller an der neier Saison vun de Stater Theatere fënnt een op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO