
D'Bicher op der Shortlist sinn:
Samuel HAMEN, V wéi vreckt, W wéi Vitess. Erzielung, Éditions Guy Binsfeld.
Guy HELMINGER, Die Tagebücher der Tannen, Edition Rugerup.
Jeff SCHINKER, Sabotage, Hydre Éditions.
Lambert SCHLECHTER, Une mite sous la semelle du Titien. Proseries, Éditions Tinbad.
Elise SCHMIT, Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen, Hydre Éditions.
"Mat der Short-Lëscht wëll de Jury op d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen a sou zu der Promotioun vun den Auteuren an hire Wierker bei der Lieserschaft an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen", sou d'Schreiwes vum nationale Literaturzenter.
De Laureat vum Prix Servais 2019 gëtt Enn Abrëll annoncéiert. De Präis ass mat 6.000 Euro dotéiert.
Am Jury sinn: Jeanne E. Glesener, Presidentin, Simone Beck, Odile Linden, Claude Mangen, Pierre Marson, Alex Reuter, Aimée Schultz a Sébastian Thiltges.