Nach bis de 7. Juli kann een sech d'Expo „Stay Gold“ am CAPE zu Ettelbréck ukucken.

D'Verhältnis tëscht dem Individuum an der Grupp ass en Thema mat deem d'Chantal Maquet sech scho laang ausernee setzt. Fir d'Ausstellung „Stay Gold“  huet si sech, anescht wéi a fréiere Wierker, net mat der familiärer, ma mat der ëffentlecher Situatioun beschäftegt.

Et gesäit ee Schoulklassen a Leit op enger Duerfplaz. D'Kënschtlerin interesséiert awer méi, wéi d'Leit an deene Gruppen hir Plaz fannen. An der Famill huet een eng virdefinéiert Roll, an de Klasse geet dat dann nees vu Vir un.

Charakteristesch fir der Kënschtlerin hir Uelegmolereien ass déi extrem Faarwegkeet. Wéi e Museker mat Klangfaarwe schafft, sou spillt d'Chantal Maquet mat intensive Faarwkläng, fir ganz bestëmmte Stëmmungen ze kreéieren a verschidden Elementer erauszeschaffen. Eent vun den Elementer op deenen an dëse Wierker de Fokus läit, ass d'Dräier-Grupp. Do ass et interessant ze kucken, wéi eng Koppel reagéiert, wann eng drëtt Persoun dobäikënnt.

Och un hirer Approche hält d'Chantal Maquet konsequent fest. Ausgangspunkt vun hire Wierker sinn ëmmer al Fotoen, déi si entweder an den eegene Familljenalben oder um Floumaart fonnt huet. Do huet si dann och e risege Fundus vu Biller, wou, wann eng nei Ausstellung geplangt gëtt, als éischt emol muss gekuckt ginn, wéi eng Fotoe genotzt ginn.