Wäisst HausTrump ersetzt seng Chef de cabinet Susie Wiles durch de Stephen Miller

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Donald Trump huet e Freideg annoncéiert, datt de Stephen Miller d'Susie Wiles als Haaptberoder am Wäissen Haus ersetzt.

De Stephen Miller gëllt als ee vun den Haaptarchitekte vum Trump senger strenger Immigratiounspolitik.

© FINN GOMEZ/Getty Images via AFP

De Miller war bis elo dem Trump säi stellvertriedende Chefde cabinet a soll den neie Poste scho vu Méindeg u iwwerhuelen.

An engem Bäitrag op sengem Netzwierk Truth Social huet den Trump der Wiles fir hir "exzellent Aarbecht" Merci gesot. Si soll an Zukunft fir d'"Trump Political Operation" schaffen.

D'Personaldecisioun kënnt no enger Rei vu schwéiere Néierlagen fir d'Republikaner bei de Midterms 2026. D'Partei huet dobäi d'Kontroll iwwer béid Kummere vum Kongress verluer.

De Stephen Miller gëllt als ee vun den Haaptarchitekte vum Trump senger strenger Immigratiounspolitik. Hie war schonn a senger éischter Amtszäit en enke Beroder vum President a gehéiert zu senge treiste Vertrauten.

D'Susie Wiles, 69 Joer al, zielt zu de mächtegste Persounen an der Trump-Administratioun a steet dem President besonnesch no. Ufank November hat den Trump nach erkläert, et géif "null Chance" ginn, datt si geschwënn ersat géif.

An enger Erklärung huet d'Wiles betount, datt et eng grouss Éier gewiescht wier, Deel vum Trump senger Ekipp ze sinn. Si wier houfreg op dat, wat zesumme geleescht gi wier, an hir Ënnerstëtzung fir de President a seng Ziler géif sech och mat hirer neier Roll net änneren.

Am September hat d'Wiles matgedeelt, datt si no enger Kriibsdiagnos an der Remissioun wier.

Back to Top
CIM LOGO