Serie Librairien (3)Librairie Diderich gëtt an der 3. Generatioun geféiert

RTL Lëtzebuerg
1945 zu Esch gegrënnt an antëscht an der drëtter Generatioun ass d’Librairie Diderich net méi aus dem Minett ewechzedenken.

Wéi steet et ëm d'Librairien hei am Land? Wou ginn et der nach a wéi hu se iwwert déi lescht Joren evaluéiert? Ënnert anerem deene Froen gi mer dëse Summer an enger Serie no, an där sech alles ëm eng Partie vun de klenge Librairien hei zu Lëtzebuerg dréint. Mir huelen Iech mat a verschidde Bicherbutteker uechtert d'Land, weisen Iech, wat se ze bidden hunn a wat se vun aneren ënnerscheet.

Serie Librairien: Librairie Diderich

De Familljebetrib huet sech an de leschte Joren moderniséiert an ass mat der Zäit matgaangen. Nieft enger Papeterie, engem Kannereck an engem ganz breede Spektrum u Literatur huet d’Proprietärin Anne Diderich sech virun enger Partie Joren e Wënsch erfëllt an e Café an d’Libraire integréiert, wou d’Leit sech kënnen zréckzéien, Zäit huelen an e Stéck selwer gemaachte Kuch ze genéissen.

VIDEO: Op Besuch an der Librairie Diderich
Ee Buttek, andeem d'Bicherfrënn op hir Käschte kommen: d'Librairie Diderich.

Serie Librairien: Thema Liiblingsbuch

Déi lescht Samschdeger hu mer Iech um Radio an op der Tëlee mat an eng Partie vun de klenge Librairien uechtert d'Land geholl, se presentéiert an gekuckt, a wéi wäit d'Librairë sech un d'Zäit an d'Clienten upasse mussen. D'Claudia Kollwelter wollt awer och wëssen, wat si dann am léifste liesen:

Serie Librairien (3): Liiblingsbuch / Claudia Kollwel

Bei der Fro nom Liiblingsbuch hunn déi meescht mol missten iwwerleeën an zouginn, datt et net evident ass just eent erauszepicken. Fir déi nei Responsabel vum Alinea an der Beaumontsgaass ass et dofir och éischter en aktuelle Coup de coeur, wéi d'Liiblingsbuch, dat se eraus gesicht huet. D'Elmira Najafi huet vum Buch "The Forty Rules Of Love" vum Elif Shafak zoufälleg iwwert en iranesche Podcast héieren:

"'t ass eng Geschicht tëscht dem Rumi an engem aneren, deen him hëlleft, erëm op déi richteg Spuer ze kommen an enger Phas, wou hie sech bësse verluer gefillt huet. Dat Buch ass immens spirituell - 't ass net dat, wat ech normalerweis géif liesen, mee et war immens schéin, et ass ganz flott geschriwwen, et beréiert een an et kann ee sech heiansdo mat de Personnagen identifizéieren. Et ass ëmmer aus enger anerer Perspektiv geschriwwen. Mir huet et immens gutt gefall!"

D'Laurence Hilger aus dem Bicherhaischen vun Nidderaanwen huet virop mol duerch déi eege Regaler doheem gekuckt, wéi eng Bicher se méi wéi emol gelies huet. Ënnert deenen, déi hir am beschte gefall hunn, ass den "Harry Potter und der Feuerkelch" vum J.K. Rowling. D'Librairin huet dat 4. Band deemools op spuenesch gelies:

"'t gëtt och eng ganz flott Anekdot dozou: Ech hat just ugefaange mat Spuenesch léieren, wéi ech den éischte Band ugefaangen hunn ze liesen. Ech hunn all zweet Wuert am Dictionnaire missen nokucken, mee déi stoungen net dran. Ech hunn den Dictionnaire verflucht bis ech eraus fonnt hunn, datt et déi a Wierklechkeet jo guer net ginn."

E Klassiker deemno fir d'Laurence Hilger - dee se och an hirem Bicherbuttek stoen huet, deen sech op Kanner a Jugendbicher fokusséiert.

Serie Librairien (1): Den Alinea an der Beaumontsgaass besteet zanter 1995
Serie Librairien (2): ChrisTina’s Bicherbuttik vun 2 Frae mam nämmlechte Virnumm

Back to Top
CIM LOGO