D'Lëtzebuerger Band Mad Fox ass zréck mam Titel "ANNA"

Audio: Mad Fox "ANNA" - Claudia Kollwelter

ANNA vu Mad Fox

Déi 6 Band-Memberen vu Mad Fox hu virun der Corona-Kris vill Zäit am Studio verbruecht fir nei Lidder opzehuelen. "ANNA" ass en éischt Resultat dovun.

De Sänger vun der Band, Jimmy Leen wëll eigentlech ni zevill verroden, an huet léiwer d'Leit loossen hir eegen Imaginatioun spillen, wann se d'Lidd lauschteren. Esou vill verréit en dann awer: d'Lidd geet ëm en historeschen Moment aus dem 2. Weltkrich.

Mad Fox huet eegene Aussoen no de Luxus aus den eegene Studioen kënnen ze produzéieren, doduerch zitt dat sech dann och ëmmer iwwert eng länger Zäit.

Nieft "ANNA" sinn nach 5 weider Titelen souzesoen prett, de Gros vun den Opnamen si fäerdeg an sollen dann och an den nächste Méint erauskommen.

Wärend der aktueller Kris huet d'Band awer och e Video fir dat neit Lidd produzéiert:

"ANNA" ass definitiv en Ouerewuerm, deen eis sécherlech nach duerch de ganze Summer begleede wäert.

Concerten, déi geplangt waren, goufen natierlech duerch déi aktuell Kris annuléiert. Fir d'Band ass nach ongewëss, wéini si fir d'nächst op enger Bühn stoe wäerten, ma si freeën sech awer elo schonn op de Moment hir Musek a flott Momenter mat dem Public kënnen ze deelen.

Crazy Quarantine Sessions

Mad Fox bitt de Leit och während Corona Zäiten Musek via Internet. Am Kader vun de "Crazy Quarantine Sessions" hunn déi 6 Band-Memberen sech virtuell zesumme gedoe fir puer vun hiren Tracks ze spillen. Wuel verstaanen, jiddfereen aus sengem eegene Studio oder senger Stuff. Dat neit Lidd "Anna" ass och dobäi! D'Resultat léist sech definitiv weisen: