Ënnert dem Motto "Oppen Oueren"178 Exposanten op iwwer 600 Meter Stänn op den 31. Walfer Bicherdeeg

Bea Kneip
Op den 31. Walfer Bicherdeeg gëtt de Weekend nees d'Buch gefeiert. D'Walfer Bicherdeeg, dat sinn dräi Halen, 178 Exposanten an iwwer 600 Meter Stänn. Dernieft Liesunge fir Kanner an Erwuessener, Atelieren, Optrëtt op der Aussebün a véier Expoen.

Net ze vergiessen e Food Village an natierlech ganz vill Bicher!
Déi neist Publikatioune vun de Lëtzebuerger Editeuren awer och gutt Affären an der Hal vun den Occasiounsbicher: fir jiddereen ass eppes dobäi.

E Sonndeg ass et dann déi traditionell RTL-Dictée. Um 10 Auer geet et lass!

Invalid Date

Ouverture vun den 31. Walfer Bicherdeeg / Reportage: Bea Kneip

Back to Top
CIM LOGO