Wien op der Sich no engem speziellen Ausfluch ass, dee kann an de Genoss vun enger Skulpturen-Expo op der anerer Säit vun der Grenz bei Veianen kommen.

Schlass Kewenig gëtt et schonn zanter dem 13. Joerhonnert an ass mat de Joren duerch vill Renovatioune gaangen.

Zënter 2012 hu sech d'Francy an d'Denise Weyrich zur Aufgab gemaach, déi al Mauere vum Schlass a gudde Konditiounen bäizebehalen, fir doduercher eng Plaz vun der Freed an der Konscht ze kreéieren.

An Zesummenaarbecht mat der “Viart ASBL” huet d’Famill en interessante Skulpturepark op d'Been gestallt, wat d'Wierker vun 12 Lëtzebuerger Kënschtler ausstellt.

"Viart" probéiert méi Konscht Evenementer am Norde vum Land ze bréngen an esou aus Veianen eng “Kënschtler -Stiedchen” ze maachen. Am Gaart vum Schlass Kewenig kann ee souwuel abstrakt, als och detailléiert Skulpturen aus verschiddene Materialien wéi zum Beispill Holz, Steen, oder Metall bewonnere goen.

Kënschtler wéi z.B. Lukas Arons, Yvette Gastauer-Claire oder Doru Nuta sinn och all Weekend op der Plaz, fir iwwert hir Wierker ze schwätzen.

Den Tom Flick, deen zënter 2007 u sengem Konzept “Muse-Symposium” schafft, ass ganz houfreg, fir dem Public en Deel vu sengem grousse Projet ze weisen.

Bis den 28. Juni kann een all Weekend déi kreativ Skulpture virum Schlass Kewenig besiche goen.