Dës Deeg si vum 24. September bis den 3. Oktober a gi schonn zanter iwwer 20 Joer organiséiert.

Wärend enger gudder Woch soll de Leit an Europa hire Patrimoine méi nobruecht ginn. Dat op de Journées européennes du Patrimoine, un deenen och zanter Jore Lëtzebuerg mat diversen Aktivitéiten, vu Visitt guidéen iwwer Atelieren oder Konferenzen, deelhëlt. Ma elo gëllt et opzepassen, well Interesséierter musse sech bei deenen diversen Organisateuren umellen.

Journées européennes du Patrimoine / Rep. Diana Hoffmann

Et ass nach e bëssi Zäit, fir sech déi divers Aktivitéiten unzekucken, well d’Journées européennes du patrimoine si vun Enn September, méi genau dem 24. September un, an daueren eng gutt Woch, bis den 3. Oktober. Zënter 20 Joer ginn dës Deeg schonn organiséiert. D’Kulturministesch Sam Tanson erkläert wisou.

De But ass eng Sensibiliséierung vun de Bierger zu der Wichtegkeet vun eisem Patrimoine. De Patrimoine erhalen ass jo net en Selbstzweck. Et geet drëm, datt mer an engem Kader kënne liewen, deen agreabel ass, wou mer kënnen op historesch Elementer zréckgräifen, an et geet och drëm, dass mer eis Geschicht weiderginn un eis Kanner. Eng Geschicht fir unzepaken.

Zu Lëtzebuerg ginn dem Public dofir an deem Kontext eng 55 Aktivitéiten offréiert. Dëst vu 36 Organisatiounen, also vu Gemengen, ASBLen an och Particulieren. De Motto dëst Joer: „Patrimoine fir jiddereen“. D’Beryl Bruck, Coordinatrice vum Projet, stellt nëmmen e puer vun den Aktivitéite vir:

Do hu mer engersäits déi amenagéiert Parkoure fir seh-, geh- oder hörbehënnert. Do ass d'Permesknupp e flotte Wee. Oder d'Käercher-Schlass gouf ëmgebaut fir gehbehënnert. D'Useldenger-Schlass gouf ëmgebaut fir sehbehënnert. Mir hunn awer och ob där anersäits Sitten accessibel gemaach, déi et normalerweis net sinn. Do kann een d'Kolpescher-Schlass nennen, wat normalerweis zou ass. An d'Hal Nennig um Findel, wou mer eng Visitt hunn, déi ganz flott ass. An dann eppes, wat ëmmer wichteg ass, dat si Projete fir Kanner a Jonker. Do hu mer de Labo Patrimoine, dat sinn zwee Ateliere vum Luca oder zum Beispill eng Schnitzeljuegd an der biekrecher Millen.

D'Accessibilitéit fir jidderee vun den historesche Sitten a Monumenter, wier awer eppes un deem de Ministère souwisou scho méi laang schafft, seet d‘Ministesch Sam Tanson an nennt e Beispill:

Mir hu jo och virun e puer Méint hei den Unesco-Wee an der Stad virgestallt, deen och accessibel fir méiglechst vill Leit ass. Mat enger App kritt een hei nach zousätzlech Informatiounen. Mer probéieren all Zorte vu Leit dozou ze kréien, dee Wee kënne matzemaachen, an all déi néideg Informatiounen ze kréien. Dëse Wee ass och gehighlighted bei dëse Journéeën.   

Eppes nozehuele géing et dofir awer beim gesetzleche Kader vum Denkmalschutz ginn. Am internationale Verglach géing Lëtzebuerg säi Patrimoine nämlech den Ament just relativ wéineg protegéieren, seet d’Sam Tanson. Bis Enn vum Joer soll awer den entspriechende Gesetzestext prett sinn, fir kënne gestëmmt ze ginn.

D’Journées européennes du Patrimoine gi vum Conseil de l’Europe europawäit organiséiert. 50 Länner maache bei deem Projet mat. De Programm vun deem, wat hei zu Lëtzebuerg ugebuede gëtt, ass ënner anerem online ze fannen op www.journeesdupartimoine.lu. Hei sinn och d’Kontakter uginn, wou ee sech umelle muss.

[comments