Enn Juli presentéiert d'Theatertrupp ëm den Auteur Jemp Schuster dem Public hir mëttlerweil scho 15. Theaterproduktioun – de "Kinnek Ubu".

Ënnert der Regie vum Jemp Schuster bréngt d'Schankemännchen a.s.b.l. dem Alfred Jarry säi Klassiker “Ubu Roi” zu Groussbus op d’Fräiliichtbün. Ee Stéck iwwer Habgier a Muechtmëssbrauch, dat haut als Ursprong vum absurden Theater gëllt.

Déi éischt 10 Produktioune vum Schankemännchen hat de Jemp Schuster selwer geschriwwen, déi 5 lescht Spektakele baséieren op Klassiker, déi den Auteur op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert huet. Donieft ass hien awer och ëmmer nees als Regisseur aktiv a guidéiert déi grouss Ekipp vum Schankemännchen an hirer Aarbecht.

„Mir maachen alles selwer, vum Bünebild bis Kostümer, Maquillage an de Catering. 22 Leit sinn der net esou vill mir hunn alt schonn emol mat 70 Leit hei gespillt an dann hat jidderee just eng Roll. Bei deem heite Stéck hunn déi 22 Leit elo verschidde Rollen, mee dat geet ganz gutt, well et jo och en absurd Stéck ass“, esou den Auteur a Regisseur Jemp Schuster

Nom Alfred Jarry senger Geschicht gëtt de Pappa Ubu, ee fetten an dominanten Haaptmann, vu senger Fra dozou ugestëft, dee polnesche Kinnek a seng Famill ëmzebréngen an d'Staatsgewalt u sech ze räissen, fir sech selwer d'Kroun opzesetzen. Ouni Skrupel oder Gewëssen tyranniséiert hien dat polnescht Vollek a stierzt d'Land an de Chaos. En Diktator – sou de Jemp Schuster - wéi ee sech en eigentlech an eisen Zäiten net méi wollt virstellen.

„Wéinst dem Covid hu mir d‘Stéck d‘lescht Joer net gespillt, mee d‘Iddi fir d‘Stéck hat ech awer schonn am Kapp an ech hat och schonn ugefaangen an do ware Leit wéi den Trump oder Bolsonaro, éi ech wollt mam Ubu vergläichen. Elo kënnt dann de Putin nach dobäi an dat mécht et dann nach méi aktuell. A wat nach méi tragesch, komesch oder traureg ass, ass datt den Alfred Jarry dat Stéck 1896 just do ugesidelt huet nämlech a Russland an a Polen. De russeschen Zar an de polnesche Kinnek ginn ëmbruecht. Elo geet et deen anere Wee, de russeschen Zar geet elo déi aner ëmbréngen, mee mir si genau an där Zäit an dofir gëtt och vun deene Leit geschwat an dat si keng Personnagen, déi ech erfonnt hunn, mee déi si wierklech schonn dra gewiescht a sinn einfach elo top aktuell.“ (Jemp Schuster)

De Claude Thommes klëmmt schonn zënter 1993 op der Fräiliichtbün an déi verschiddensten Haaptrollen oder sëtzt am Regiestull. All Stéck an all Personnage bréngt seng Defie mat sech, ma de Kinnek Ubu bedeit fir hien an iwwerhaapt fir dee ganzen Ensembel ee ganz besonneschen Challenge.

„Als Schauspiller muss ee villes vergiesse wat ee villäicht geléiert huet. Hei gëtt einfach déck opgedroen, et gëtt iwwerdriwwen an et muss een et an d‘Absurd spillen. Déi Fro, déi ech mir elo stellen ass, wéi reagéiert eise Public dorobber, deen dat villäicht éischter net gewinnt ass? Dat wat awer alles hannendru stécht, ass méi wei realistesch grad an dësem Stéck elo.“ (Claude Thommes, deen de Kinnek Ubu spillt)

Déi 22 Acteuren iwwerhuelen am Jemp Schuster senger Adaptatioun vum "Kinnek Ubu" ganzer 60 Rollen, an deene sinn d'Absurditéite vun dësem Stéck duerstellen an d'Grenze vum Theater sprengen.

Vum 21. bis den 30. Juli gëtt d'Theaterstéck "Kinnek Ubu" zu Groussbus am Prommenhaff gespillt.