Landschaftsbiller sinn eppes, dat am Verlaf vun der Konschtgeschicht schonn immens laang existéiert an ëmmer erëm thematiséiert ginn ass. De Max Mertens huet sech also als zäitgenëssesche Kënschtler d’Fro gestallt, wéi een dat Thema haut kéint ugoen. D'Ausstellung befaasst sech deemno mat de véier Elementer aus der Natur: Waasser, Wand, Feier a Buedem.
De Kënschtler schafft a sengen Aarbechten ëmmer gäre mat Alldagsobjeten. Objeten, déi hei en neie Kontext kréien an dat a Form vu Skulptur, Installatioun oder Foto. Seng Wierker stinn, wéi an der Natur, ganz am Zeechen vun der Transformatioun.
D'Ausstellung ass nach bis den 8. November am "Centre d'art Nei Liicht" zu Diddeleng.