Um Vernissage vum traditionelle Salon vum Cercle Artistique sinn zwee Kënschtler beim Prix Pierre Werner ausgezeechent ginn.

De Salon vum CAL gehéiert zu den traditionelle Rendez-vousen am Joer. Zënter 129 Joer gëtt et de "Cercle artistique du Luxembourg" an all Joer gëtt hei e Präis iwwerreecht. Dëst Joer ass et de Prix Pierre Werner, deen op 2.500 Euro dotéiert ass. Direkt zwee Kënschtler konnte sech iwwert dëse Präis freeën: de Fotograf Miikka Heinonen an d'Molerin Chantal Maquet.

Dëst Joer gouf et en neie Rekord. Nach ni hu sech esou vill Kënschtler gemellt, fir kënne beim Salon dobäi ze sinn. D'Selektioun vun de Kënschtler ass duerch eng international Jury gemaach ginn, genau sou wei e weidere Jury d'Gewënner vum Prix Pierre Werner erausgesicht huet. Domadder bitt de Salon vum CAL eng gutt Plattform fir déi aktuell Konschtzeen hei zu Lëtzebuerg.

43 Artiste sinn am Ganzen zréckbehale gi mat jeeweils 3 Wierker, déi an der Ausstellung ze gesi sinn. Bis de 27. November kann een de Salon vum CAL an den Tramsschapp um Lampertsbierg kucke goen.