Mat "What a Feeling" ass der Sängerin a Schauspillerin 1983 e Welthit gelongen. Elo ass si, wéi hir Agentin schreift, "aus onbekannte Grënn" gestuerwen.

Mat hire Lidder fir "Fame" a "Flashdance" ass d'Irene Cara weltberüümt ginn, fir den Hit "Flashdance - What a Feeling" krut d'Sängerin 1984 en Oscar an ee Grammy. E Freideg ass d'Schauspillerin an hirem Haus a Florida dout opfonnt ginn, déi hir Spriecherin Judith Moose matdeelt. D'Doudesursaach wier bis ewell net bekannt.

Tweet Irene Cara

D'Famill vun der US-Schauspillerin biet d'Leit hir Privatsphär ze respektéieren, huet de Judith Mooser weider geschriwwen an d'Sängerin als eng "wonnerbar geseent Séil, där hiert Vermächtnis fir ëmmer an hirer Musek an hire Filme weiderliewe wäert", bezeechent.

D'Irene Cara ass 1959 zu New York an der Bronx gebuer an ass scho fréi op der spuenescher an US-amerikanescher Tëlee opgetrueden, ënnert anerem mat der Mambo-Band vun hirem Papp. Och als Schauspillerin hat si a jonke Joren am Theater a Film scho vill Succès.

1980 hat si schlussendlech mat der Haaptroll vun der Coco Hernandez am Theater-Drama "Fame" hiren Duerchbroch. Dee gréisste Succès hat d'Sängerin awer mat hirem Lidd "What a Feeling" fir de Film "Flashdance". Nieft engem Oscar huet si och e Golden Globe an e Grammy Award als bescht Pop-Sängerin gewonnen.

Youtube What a Feeling