No sengem Album "Den Ufank vum N" presentéiert déi 28 Joer jonk Rapperin e Samschdeg den Owend hir nei EP "N vun der Welt".

Behandelt gi verschidden Thematiken, déi hat am Alldag beschäftegen. "Wann ech och nëmmen e puer Leit mat mengen Texter kéint inspiréieren, wier dat fir mech schonn immens", seet d'Nicool.

Scho viru Joren huet d'Musekerin ugefaangen, hir eegen Texter ze schreiwen, deemools awer éischter fir sech selwer, an et ass éischter a Richtung "Poetry Slam" gaangen. 2017 war si dunn, wärend hirem Studium zu Bréissel, op e Concert vun engem amerikanesche Rapper. "Säi Flow huet mech sou inspiréiert, dass ech mech den Owend selwer higesat hunn a mäin éischten Text geschriwwen hunn, passend zu engem krasse Beat, deen ech online fonnt hat."

An der Tëschenzäit ginn d'Beats vu Membere vun "De Läbbel" gemaach, mat deenen d'Nicool reegelméisseg zesummeschafft. 2019 koum dunn hiren éischten Album mam Titel "Den Ufank vum N" eraus. D'Suite dovunner presentéiert d'Rapperin e Samschdeg 14. Oktober an de Rotondes - do kënnt nämlech d'EP eraus mam Titel den "N vun der Welt". Tickete ginn et hei.

D'Nicool war och e Méindeg op Besuch um Radio an der Sendung "Am Takt" a kënnt dëse Samschdeg an d'Emission "No Art on Air".

RTL