Dës nennt sech op Japanesch "SO MA TO" an ass en Danz-Theater, dee mat Elementer vum traditionelle Butoh Danz aus Japan schafft. D'Choreografin Sayoko Onishi erkläert, wat genee Butoh ass:
"Butoh ass en Danz, deen nom zweete Weltkrich an den 1950er Joren entstanen ass. Vill Leit soen, dass den Danz duerch de Schock vun der Atombomm zu Hiroshima komm ass, mee ech mengen dat net. Ech mengen éischter, dass de Krich a ville japanesche Kënschtler Konfusiounen ausgeléist huet a si hunn an der Konscht no hirer Identitéit gesicht. Si hu sech méi op hiert Ënnerlecht an hir perséinlech Geschichte konzentréiert. Doraus ass dunn de Butoh Danz entstanen. Den Danz dréckt eis ënnerlech Energie aus a bréngt eis dozou, eis däischter an hell Säiten ze gesinn. Et gi vill Emotiounen ausgedréckt."
Fir hiert Stéck am Kasemattentheater huet d'Choreografin de Butoh Danz moderniséiert a mat Theater verbonnen:"Mir wollten e ganz neie Stil entwéckelen. Hei treffen neie Butoh Danz an Theater openeen. Et ass eng stomm Performance, déi sech u jidderee riicht, vu Kanner bis Erwuessenen. Se ass ouni Text, mee et gëtt awer vill gespillt. Den Danz an déi ënnerlech Emotioune ginn hei mat Theater vermëscht."
"Et geet ëm zwou al Fraen, déi an hire leschte Momenter nach eng Kéier iwwert hiert Liewe schwätzen. Et ass awer net nëmmen eng traureg Geschicht. Et gi vill witzeg Momenter a schéi Passagen, zum Beispill mat de Lanteren, déi lues a lues opgehaange ginn. Déi gesinn aus wéi Stären an d'Frae kucken d'Stären an erënnere sech dann un hiert Liewen."

D’Bünebild ass vum Gianluca Curulla entworf ginn. 12 Lanteren dauche lues a lues am Laf vum Optrëtt op a gi mat Seeler um Plaffong fixéiert. Dobäi gëtt Live-Musek vum Emmanuel Fleitz gespillt an d’Jenny Beacraft an d’Claire Thill erwächen d’Geschicht mat enger humorvoller Performance zum Liewen.
D'Choreografin huet sech fir "SO MA TO" och un der kreativer Welt vum Hayao Miyasaki inspiréiert:
"Ech si mat de Filmer vum Miyazaki opgewuess a vill duerch hie beaflosst ginn. Ech fannen, dass seng Filmer oft ganz wichteg Themen traitéieren. Hien erzielt a senge Filmer zum Beispill, wéi Liewen entsteet, oder op en Enn kënnt an hien erzielt och oft vum Krich. Alles dat an enger Form, déi grad esou fir Kanner, wéi fir Erwuessener geduecht ass an déi mer akzeptéiere kënnen, well se duerch duuss Biller, wéi Melancholie, oder Romantik gefiltert gëtt. Alles dat fënnt een och an dëser Performance. Mir schwätzen iwwert d'Liewen an all déi Erënnerungen, déi verschwanne wäerten, mee mat vill Duussheet."
"SO MA TO" vum Independent Little Lies an der Sayoko Onishi gëtt nach den 29. an 30. Oktober am Kasemattentheater opgefouert.
Méi Informatioune fannt Dir um Internetsite vum ILL.