
D'Participatioun vun Israel géing "verschidde Reaktiounen an der Gesellschaft" souwéi "Diskussiounen a Spléckung" ausléisen, esou de Mediendirekter vum Sender NPO Jurre Bosman en Dënschdeg. No Berodunge mat engem Conseil hätt NPO sech dofir entscheet, 2027 net beim Museksconcours matzemaachen.
Déi Responsabel vum Senger wieren zur Conclusioun komm, datt et "nach ze fréi ass, 2027 um Eurovision Song Contest deelzehuelen", esou NPO-Cheffin Jet de Ranitz ënner Verweis op aktuell "Ëmpfindlechkeete" ronde¨rm d'Theema Israel.
Schonn am August hat déi hollännesch Tëleeschaîne Avrotros wéinst dem israeelesche Virgoen an der Gazasträif annoncéiert, aus dem ESC 2027 erauszeklammen. E Mount méi spéit hat NPO dunn erkläert, et géing ee fir Avrotros apsrangen, ma dës Decisioun gouf elo rëm zeréckgeholl.
Scho fir d'Editioun vun dësem Joer haten Holland a véier weider Länner den ESC aus Protest géint d'Participatioun vun Israel boykottéiert. Irland huet fir d'Editioun 2027 schonn e Boykott ugekënnegt, och vu Spuenien gëtt dee Schratt consideréiert. Virun zwou Wochen hat iwwerdeems och déi tschechesch Tëlee wéinst finanziellen Onsécherheeten e Verzicht op eng Participatioun verkënnegt.
Senge Statutten no muss den ESC neutral an onpolitesch^sinn. No engem Sträit iwwert déi israeelesch Participatioun hat d'European Broadcast Union (EBU) als den Haaptorganisateur fir d'lescht decidéiert, datt Länner, déi am Krichszoustand sinn, de Concours net an hirem Land organiséieren däerfen.
No der Victoire vun der bulgarescher Sängerin Dara mat hirem Lidd "Bangaranga" zu Wien, wäert den nächsten ESC am Mee 2027 an der bulgarescher Küstestad Burgas sinn.
Wie Lëtzebuerg representéiere wäert, gëtt bei der grousser Finall vum LSC am Januar an der Rockhal entscheet.