4.48 Psychosis

© Anne Lindner
Déi nei Produktioun vum ILL (Independent Little Lies) setzt sech mat der bekannter Regisseurin hirem leschte Stéck auserneen.
D'Sarah Kane gehéiert zu de radikaalste Vertriederinnen ënnert de moderne brittesche Regisseuren an Theaterauteuren. Tëschent 1995 an 1998 huet si 5 Stécker geschriwwen, dorënner och "4.48 Psychosis".

© Jane Bown
D'Sarah Kane huet ënnert depressive Phase gelidden, di 1998 ëmmer méi schlëmm gi sinn. Doropshin huet di brittesch Auteurin sech ëmmer méi dacks missen a medezinesch Behandlung ginn. Den 20. Februar 1999 huet si sech mat 28 Joer d'Liewe geholl. "4.48 Psychosis" war dat leschte Stéck, dat si geschriwwen huet a beschreift d'Erfarunge vun enger Persoun, di ënner Depressioune leit, Suicidegedanken huet an an enger Therapie ass.
De Lieser oder Spectateur gëtt esou mat der Perceptioun vun engem depressiven a psychotesche Bewosstsinn konfrontéiert. En Text, dee ganz fragmentéiert ass a wou kee konkrete chronologeschen Oflaf dran ze fannen ass. Trotzdeem ass et der Sarah Kane gelongen, eng Logik an den Text ze bréngen.
Den Titel "4.48 Psychosis" bezeechent de Moment vun enger klorer Perceptioun, di d'Auteurin selwer an hirer leschter depressiver Phas reegelméisseg um 4:48 Moies erlieft huet. Ënnert dem Afloss vu Medikamenter huet si sech fäeg gefillt, kloer Gedanken an Artikulatiounen ze hunn. Et ass och an där Phas, wou den Text entstanen ass.

© Daniel Fragoso
Déi neiste Produktioun vum ILL (Independent Little Lies) bréngt dëst Stéck op d'Bün, ënnert der Regie vum Sandy Artuso. Et ass eng intensiv Exploratioun vun de Kontraster tëschent Däischtert a Luucht, di fir eng Konfrontatioun an der Psyche vum erzielende Personnage suergt. Visuell gëtt dat Ganzt mat enger zeenescher Installatioun vun der Kënschtlerin Anne Lindner ënnerstrach. D'Solo Performance gëtt vum Catherine Elsen gespillt. Wéi ëmmer am Sarah Kane hiren Texter ass och an dësem eng gewëssen Hoffnung ze spieren, sou datt dës Produktioun ënner anerem d'Hoffnung, di an den Texter verstoppt sinn, exploréiert.
*Note: D'Theaterstéck handelt vu mentaler Gesondheet a Suizid. Eppes wouriwwer ee sech soll bewosst sinn, falls ee sensibel dorobber ass.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention.suicide.lu.
"4.48 Psychosis" gëtt den 27. an 28. Oktober an der Kulturfabrik zu Esch gespillt.