
Dem John Lennon säi Song “Now and Then” gouf mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz iwwerschafft. Déi nei Versioun kann een da vum 2. November u lauschteren. Dat hunn déi zwee nach lieweg Bandmembere Paul McCartney a Ringo Starr en Donneschdeg matgedeelt, a sech ganz beréiert gewisen.
Den Original hat den John Lennon an de 70er Joren a senger Wunneng zu New York opgeholl. No sengem gewaltsamen Doud am Dezember 1980 huet seng Wittfra Yoko Ono deenen anere Membere vun de Beatles d’Kassette geschenkt. Dorop ze héieren ass dem John Lennon seng Stëmm an e Piano.
Schonn deemools hu si probéiert, den Track ze iwwerschaffen. Allerdéngs war d’Technik dunn nach net esou wäit, fir d’Stëmm vun deem Verstuerwenen a gudder Qualitéit erauszefilteren.
Mat Hëllef vun der KI (Kënschtlech Intelligenz) wier dëst awer elo gelongen, erkläert den elo 81 Joer ale McCartney:
“Zum Schluss hate mer dem John seng Stëmm sou kloer wéi Kristall. Dat ass immens emouvant. (...) Mir spillen alleguer dorop. Et ass eng richteg Beatles-Opnam.”
Op der neier Versioun héiert een nämlech och d’Gittar-Opnam vum George Harrison aus dem Joer 1995. Den Harrison ass 2001 gestuerwen. D’lescht Joer gouf d’Lidd du komplettéiert, mat op der Batterie dem Ringo Starr, um Piano de Paul McCartney, grad ewéi mat de Stëmme vun deenen zwee Beatles, déi nach liewen.
De Ringo Starr sot “et war, wéi wann den John nach ënnert eis wier”.
D’Beatles haten am Abrëll 1970 hir Trennung ugekënnegt. D’"Beatlemania” hält awer bis haut un. E sëllege Fans hätte scho versicht, déi véier mat Hëllef vu KI nees ze vereenen.
D’Lidd kënnt den 2. November am fréien Nomëtten an de Verkaf. Virdru kënnt eng Dokumentatioun vun 12 Minutten op YouTube.