
Zu Betzder ass et e Sonndeg zu engem méi speziellen Asaz komm. Wéi de CGDIS matgedeelt huet, war een Hond beim Spadséieregoen an e Kanalisatiounsrouer gelaf an duerno net méi vum selwen erauskomm. Zesumme mam lokale Bauer hunn d'Pompjeeë vum Groupe de sauvatage animalier (GSAN) a vum Groupe cynotechnique (CGYN) e Lach gegruewen an den Hond aus senger mësslecher Lag befreit.