FloridaNéng Doudeger, nodeems Privatjet erofgefall ass

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass am US-Bundesstaat ee private Fliger erofgefall. Kee vun den néng Passagéier huet iwwerlieft.
Beim Absturz eines Privatjets im US-Bundesstaat Florida sind neun Menschen ums Leben gekommen. Der Learjet 60 auf dem Weg vom texanischen Austin auf die Bahamas stürzte am Sonntag im Landkreis Palm Beach County ab, wie Verkehrsminister Duffy mitteilte.
De Privatjet ass op eng Strooss gefall, op där gewéinlech vill Autoen ënnerwee sinn.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Am US-Bundesstaat Florida sinn op d'mannst néng Mënsche beim Accident vun engem Privatjet ëm d'Liewe komm. De "Learjet 60" war aus Texas ënnerwee op Bahamas an ass e Sonndeg am Landkrees Palm Beach County erofgefall, wéi de Verkéiersminister Sean Duffy matgedeelt huet. All néng Mënschen u Bord vun der Maschinn sinn ëm d'Liewe komm.

Den Duffy huet dobäi vun enger "fuerchtbarer Tragedie geschwat. Den Accident ass ëm 12:50 Auer Lokalzäit net wäit vu Cresthaven geschitt, enger Gemeng a Palm Beach County. D'US-Loftfaartagence FAA huet eegenen Aussoen no zesumme mam National Transportation Safety Board Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Online zirkuléieren zanterhier eng Rei Opnamen, op deenen ze gesinn ass, wéi ee Fliger quasi riicht an immens séier op eng vill beschäftegt Strooss fält an explodéiert. Am Buedem ass duerno ee relativ grousse Krater ze gesinn.

A Palm Beach County ass och d'Privatresidence vum US-President Donald Trump, Mar-a-Lago. No den Informatioune vum lokale Sheriff ass d'Onglécksplaz just zéng Kilometer Loftlinn vu Mar-a-Lago fort. Den Trump, dee weekends méi dacks a senger Residence ass, hätt se schonn am fréie Mëtteg verlooss.

Back to Top
CIM LOGO