
Hie gouf an den 90er Jore bekannt als Chandler Bing an der amerikanescher Kultserie “Friends”.
An sengem Haus zu LA ass hien dout an der Buedbidde vun engem Mataarbechter fonnt ginn, schreift “Los Angeles Times” a berifft sech op Informatioune vum Parquet. Weider heescht et, et géife keng Unzeeche fir e Verbrieche ginn. TMZ mellt, dass keng Droge bei der Läich fonnt goufen.
“Friends” gouf vun 1994 bis 2004 gedréit an huet e sëllege Präisser gewonnen. De Matthew Perry hat hei eng vun den Haaptrollen, nieft dem Jennifer Aniston, Courteney Cox, Lisa Kudrow, Matt LeBlanc an David Schwimmer.
