"Tufting", esou nennt sech eng Technik, duerch déi een ënnert anerem Teppecher mat enger pistoulänlecher Maschinn spanne kann. Déi lëtzebuergesch Kënschtlerin an Designerin Julie Costentin huet dës Technik perfektionéiert a entwerft bont a fantasievoll Wierker zu Barcelona.

Ugefaangen huet d'Geschicht vum Julie Costentin an der Welt vun der Moud. "Nom Lycée hat ech zu Madrid e Master-Studium fonnt, an deem een Design an all senge Forme studéiere konnt. Dat huet mech staark ugezunn. Lues a lues hunn ech mech dann ënnert anerem op Textildesign spezialiséiert", erënnert sech d'Kënschtlerin. No éischten Erfarung zu Madrid koum dunn d'Opportunitéit, Mustere fir d'Mark OYSHO zu Barcelona ze entwerfen. Ma dobäi sollt et net bleiwen. "Ech hu schnell gemierkt, datt ech méi Kreativitéit a mengem Schafe gebraucht hunn." Déi sollt si dann am Tufting an am Grafik-Design fannen. Hei entwerft d'Julie Costentin sëlleg abstrakt Formen a Musteren, ma och déi eng oder aner wëll Katz, déi sech alleguerten an engem popeschem an ëmmer bontem Faarfspektrum beweegen. Ma gläichzäiteg huet si och hiren eegenen Designstudio JÜdesigns gegrënnt a schafft deemno och u reng grafesche Projeten oder entwéckelt Mustere fir zum Beispill Tapéiten.

RTL

© maca miño

Et ass nach keen Tufter vum Himmel gefall

Wann Tufting net direkt jidderengem eppes seet, gouf dës Technik awer a leschter Zäit virun allem duerch Tik-Tok enorm populär. Ma de richtege Boom koum, ewéi esou vill Forme vun Handwierk déi en néien Hype erlieft hunn, wärend der Pandemie. Berout een sech eleng op Google Trends, mierkt een datt ab 2020 d'Ufroen no Tufting stänneg erop gaangen ass. Ma opgepasst, hype reimt sech net onbedéngt op einfach. Well wat à première Vue ewéi e witzegt Hobby ausgesäit, ass en Handwierk, dat et ze léieren an iwwert Zäit ze meeschtere gëtt. Eng Diskrepanz an de Virstellungen, déi der Kënschtlerin ëmmer nees am Kader vun hire Workshoppen, déi Si organiséiert, opfält. "Et kënnt net seele fir, datt mir Leit no e puer Stonne soen, datt si sech dat vill méi einfach virgestallt hunn. Datt si dat op TikTok gesinn hunn an geduecht hunn, datt een dat a puer Minutte léiere kann." Kee Wonner also, datt hir Workshoppen tëscht 4 a fënnef Stonnen daueren.

RTL

© maca miño

Mëttlerweil sinn dës Workshoppe banne kierzter Zäit ausgebucht an zeien net nëmmen virwëtzeg Tik-Tok-Fans un. "Et sinn och deelweis Büroen, déi sech béi mir melle fir Team-Building Eventer." E Succès deen sech ausserdeem wäit iwwer déi Spuenesch Grenzen erausstreckt. Och zu Lëtzebuerg sinn hir Workshoppen ëmmer nees ganz schnell ausgebucht. D'Lescht Joer war si an der Kufa, wou si och dëse Januar nees zeréck ass. Ma dës Kéier dierf sech de Public op eng Ausstellung freeën an där een, sou d'Kënschtlerin, "och néi Projeten ze gesi kritt."

RTL

© maca miño

Ab in den Süden!

Freed een d'Julie Costentin wat an d'Zukunft usteet, erzielt si vum Plang, Lëtzebuergesch Kënschtlerinnen a Kënschtler bei sech zu Barcelona auszestellen. "Mäi Studio hei ass relativ grouss an deemno géing en sech perfekt ubidden, fir eng gréisser Ausstellung a Residence mat verschidden Artisten aus Lëtzebuerg ze organiséieren", erkläert si. Momentan feelt et dofir nach u finanzieller  Ënnerstëtzung. Ma en vue vun der Nofro fir hir Wierker an hirer wuessender Reputatioun, dierft dat, ewéi och Tufting, nëmmen eng Fro vu Gedold sinn.

De Vernissage vun der Ausstellung vum Julie Costentin ass de 25. Januar am Ratelach um Site vun der Kulturfabrik zu Esch a geet bis den 9. Mäerz.