Thematiséiert gëtt d'Experienz vu Refugiéeën op hirem Wee op Lëtzebuerg.

Et gëtt jo ëmmer gesot, dass Konscht e Medium ass, fir sech selwer auszedrécken a perséinlech Erliefnesser ze verschaffen. Dat gëllt och fir de Fotograf Ismael Assi, deen 2015 vun Istanbul op Lëtzebuerg geflücht ass. "Ech wollt schonn ëmmer de Wee, deen ech deemools geholl hunn, nach eng Kéier retracéieren a mat der Kamera festhalen", erkläert hien. "No e puer Joer hunn ech endlech de Courage gehat zeréckzegoen an et duerchzezéien."

D'Resultat dovunner ass eng Fotosausstellung, déi hie passenderweis "Chance" genannt huet. Et wier wichteg, Leit, déi hiert Doheem verluer hunn, d'Chance ze ginn, sech an enger neier Gesellschaft z'integréieren a sech een neit Liewen an een neit Doheem opzebauen, esou den Ismael Assi. Dat wier deemno och den Haaptmessage, deen hien de Visiteure vun der Expo wéilt mat op de Wee ginn.

RTL

Gewise ginn engersäits eng Rëtsch Fotoen op de verschiddene Plazen, déi hien op sengem Passage virun 8 Joer gesinn huet an elo fotograféiert huet, jeeweils mat engem wäisse Schleier, deen d'Emotioune vun alle Refugiéeën, déi dee Wee gaange sinn, soll representéiert. Den nämmlechte Schleier gesäit een och an engem zweeten Deel vun der Ausstellung, wou en eng Rëtsch Refugiéeë portraitéiert huet, déi aus ënnerschiddleche Länner op Lëtzebuerg komm sinn an hir Geschicht mat him gedeelt hunn. Nieft de klassesche Portraitsfotoen huet den Ismael Assi si och op hirer Liblingsplaz am Grand-Duché mat senger Lëns festgehalen.

D'Ausstellung "Chance" kann een nach bis de 26.Januar an d'Galerie "Op der Kap" zu Capellen kucke goen.