New York 1986. De Gary Pearl proposéiert sengem jonke Brudder Irwin eng Geschäftsiddi, déi béid Männer soll räich maachen. Schnell stellt sech awer eraus, datthir russesch Partner Member vun enger extrem brutaler Mafia sinn, déi no engem Mëssverständnis dem Irwin seng Fra a Kanner menacéieren. Wärend de Gary nach probéiert, d'Situatioun ze retten, geroden den Irwin an seng Famill ëmmer méi a Panik.
Bei PAPER TIGER weist den James Gray seng Maîtrise vun engem Sujet, den hie mëttlerweil oft behandelt huet an engem historesche Kontext, deen hien Deels och selwer erlieft huet. Kann d'Loyalitéit an der Famill enger Liewensbedrolecher Situatioun widderstoen? A wéi wäit geet ee fir seng Léifsten ze beschützen? Dës Froe gi vum Schauspillertrio, Adam Driver, Miles Teller a Scarlett Johansson op androcksvoll Manéier duergestallt a maachen dës Mëschung aus Mafiathriller a Familljendrama zu engem aussergewéinleche Film.