Fréier Bandmembere confirméierenSänger Isaac Roosevelt ass gestuerwen

Marlène Clement
Ënner anerem war de Museker bei "The Voice of Germany" opgetrueden a war beim LSC-Casting 2024 ugetrueden.
2024 war den Isaac Roosevelt bei de Castinge fir den LSC opgetrueden
2024 war den Isaac Roosevelt beim Casting fir den LSC ugetrueden.
© Steve Muller

Traureg Nouvelle aus der Lëtzebuerger Musekszeen. De fréiere Sänger vun der Formatioun Funky P Isaac Roosevelt ass dout. RTL ass op Nofro gewuer ginn, dass seng al Band Funky P de leschten Optrëtt mam Sänger 2012 fir d Hochzäit vum Grand-Duc Guillaume hat.

Duerno hätt den Isaac vill Projeten an Däitschland gehat, ënner anerem war hien 2013 bei "The Voice of Germany opgetrueden. Hien hätt och leschte Freideg nach e Concert ginn. Funky P gouf e Samschdeg vun der aktueller Band vum Isaac Roosevelt iwwer säin Doud informéiert.

Den Isaac Roosevelt war iwwer d'Grenzen eraus bekannt, war awer 2024 zeréck am Grand-Duché, fir bei dem Casting fir den LSC matzemaachen.

2013, wéi hie sech der Jury vun der Castingshow “The Voice of Germany” gestallt hat, hat hien uginn, datt hien 52 Joer al wier. Deemno misst de Sänger haut 65 oder 66 Joer gehat hunn.

Back to Top
CIM LOGO