An der Reuter-Bausch-Galerie an der Rue Notre Dame an der Stad kritt een den Ament eng Gruppen-Ausstellung vun 23 Kënschtler gewisen.

D’Summer Group Show, esou den Titel vun der Expo, soll d’Diversitéit un Artisten an der Galerie representéieren an huet och e puer nei Nimm dobäi.

Ënnert deenen 23 Kënschtler sinn Artisten aus dem Ausland, Lëtzebuerger, nei Talenter an och bekannte Gesiichter. Et sinn net alleguer déi dobäi, déi d’Reuter-Bausch Galerie vertrëtt, ma et ass awer schonn emol en Ufank fir dem Publik ze weisen, wat d’Galerie alles ze bidden huet. Et wier eng Méiglechkeet, seet d’Galeristin Julie Reuter, fir nei Clienten unzezéien an deenen, déi villäicht net op eng Solo-Ausstellung vun deem een oder anere Kënschtler komm wieren, ze presentéieren, wat d’Konschtwelt nach alles ze bidden huet.

Déi eng si scho laang bei der Reuter-Bausch Galerie ze fannen, anerer sinn eréischt viru kuerzem dobäi komm. Nei an der Ronn ass zanter dësem Joer och de rezent verstuerwene Fotograf Michel Medinger mat sengen Tankstellefotoen. Ausserdeem huet och eng nei jonk Kënschtlerin, d’Oriane Bruyat, wat scho bei de Young Luxembourgish Artists aktiv ass, et an de Kënschtlerkrees vun der Galerie gepackt. All Artist, dee vun der Galerie vertruede gëtt, huet d'Julie Reuter selwer no hirem Goût erausgesicht.

Fir d’Summer Group Show goufen et keng Virschrëften. D’Kënschtler konnten dat erareechen, wat se wollten, egal wéi grouss oder kleng. Wéinst der Plaz sollt et awer am beschte just ee Wierk sinn an och eent, wat nach net an der Galerie gewise gouf. Et kritt een also, och wann een d’Kënschtler eventuell scho kennt, trotzdeem nach eppes Neies an dëser Ausstellung gewisen.

Verschidde Kënschtler aus dëser Expo kann een och elo zu Knokke op der Konschtfoire oder am September an enger Expo bei der BIL gesinn. Wien awer net waarde wëll, kann d’Summer-Expo nach bis de 14. August an d’Reuter-Bausch-Galerie kucke goen.