"Venus virum Spigel"Aktiviste gräife Konschtwierk vum Diego Velázquez un

RTL Lëtzebuerg
Aktiviste vun der Grupp "Just Stop Oil" hunn an der National Gallery zu London e Konschtwierk aus dem 17. Joerhonnert attackéiert.

Ob d’Wierk “Venus virum Spigel” vum spuenesche Barock-Kënschtler Diego Velázquez dobäi beschiedegt gouf, ass den Ament nach net gewosst.

“Et ass Zäit fir Doten, net fir Wierder”, hat eng 22 Joer al Aktivistin gesot, nodeems si mat engem anere Klimaaktivist d’Sécherheetsglas vum Wierk ageschloen hat. D’Gruppéierung “Just Stop Oil” huet ee Video vun der Aktioun publizéiert a wëll domat een Zeeche setze géint Pläng vun der brittescher Regierung, an der Nordséi nei Pëtrolsfelder anzeriichten. Déi zwee Aktiviste goufe festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO