Selbst ist die Frau. Och op der Bün. Dat beweist eis d’Laure Schreiner an hirem Stéck, D’Alice am Verwonnerland. Jo am Ver-wonnerland an net am Wonnerland. Eng licht wann och bedeitend Ännerung. Well am Schreiner hirer Adaptatioun reest d’Protagonistin nämlech duerch d’Erwuessesinn. Eng Rees voller Iwwerraschungen an also och Verwonnerungen.
Déi lescht Klengegkeete sinn ajustéiert ginn. An en vue vun de Prouwen an der harmonescher Zesummenaarbecht tëscht der Laure Schneider an dem Jemp Schuster, dierft de Succès vun dësem Stéck net verwonnerlech sinn.