Midterms an den USAVerléiert de President Trump säi politesche Spillraum?

Jeannot Ries
Bis op déi lescht Minutte leeft an den USA de Walkampf op vollen Touren. Um Enn wäert all Stëmm zielen.
Midterms an den USA: Verléiert de President Trump säi politesche Spillraum?
Bis op déi lescht Minutte leeft an den USA de Walkampf op vollen Touren. Um Enn wäert all Stëmm zielen.

Mat ganz grousser Spannung gëtt déi nächst Deeg op d'USA gekuckt. Kënnt et en Dënschdeg bei de Midterms zum grousse Wal-Biewen? Leien d'Sondagë richteg, a verléieren d'Republikaner hir Majoritéiten am Representanten-Haus an am Senat. Domat géif dem President Trump säi politesche Spillraum bei hallwem Mandat ageschränkt ginn.

Bis op déi lescht Minutte leeft en op jiddwer Fall op vollen Touren: e Walkampf, an deem um Enn jiddwer Stëmm ziele wäert. A wou wéi sou dacks an den USA net gezéckt gëtt de Géigner frontal unzegräifen. Mam Resultat, datt d'Mësstraue grouss ass. A vill Wieler sech veronséchert fillen an d'Impressioun hunn, si hätten de Choix tëscht Pescht a Cholera.

E Stëmmungsbild, wat déi aktuell Sondagë gutt illustréiert:

"Ech muss d'Kandidaten, fir déi ech stëmmen, net onbedéngt gär hunn – besonnesch net, wann ech déi aner nach manner appreciéieren. Et ass batter, datt mir esou wäit komm sinn, mee esou ass eben d'amerikanesch Politik."

"Déi grouss Problemer sinn, datt Wunne wierklech deier ass, an d'Liewensmëttelpräisser sinn och extrem héich. D'Situatioun ass einfach schlecht, si ass schlecht.'"

"D'Bensinnspräisser sinn héich, Liewensmëttel sinn deier, alles ass deier."

"Ech maache mir Suergen ëm d'Demokratie. Dat ze erhalen, wat mir hunn – dat, fir wat mir esou haart geschafft hunn."

Trump-Popularitéit um Déifstand

Den Donald Trump bei engem Walkampf-Optrëtt fir d'Midterms 2026 zu Daytona Beach a Florida.
Den Donald Trump bei engem Walkampf-Optrëtt fir d'Midterms 2026 zu Daytona Beach a Florida.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Zwee Deeg virun de Midterm-Walen hätte jee no Analys d'Demokraten en nationale Virsprong vu ronn 8 Punkte géintiwwer de Republikaner, wat d'Wal-Absichte fir de Kongress ubelaangt. Op engem Moment, wou d'Popularitéit vum President Trump op engem Déifstand ukomm ass. CNN no sinn 73% vun den Amerikaner der Meenung, den Donald Trump hätt sech net genuch op déi wichtegst Theeme vum Land konzentréiert. Seng Politik hätt derzou bäigedroen, datt déi wirtschaftlech Situatioun sech verschlechtert huet. Den Iran-Krich hätt dem Land geschuet.

"Ausser et kënnt zu enger enormer Iwwerraschung tëscht elo an dem Waldag, a mat am Hannerkapp, datt vill Leit an den USA elo scho gewielt hunn, géif ech soen, datt eng demokratesch Victoire am Representantenhaus quasi sécher ass. An ech ginn dervun aus, datt d'Demokraten de Senat gewannen. D'Chancë sti bei Ongeféier 80%. Eng Rei un Dueller sinn enk. Awer ech mengen, den allgemengen Trend ass sou, datt et ganz warscheinlech ass, datt d'Demokraten och de Senat gewannen." Dat ass d'Analys vum Professer fir Politikwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg Josip Glaurdic. De ganzen Interview fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO