
RTBF hätt deemno vum belsche Palais confirméiert kritt, datt den de Wever fir 9:30 Auer soll erwaart ginn.
Am Sträit ronderëm de Staatsbudget geet et virop drëms an deenen nächsten dräi Joer 10 Milliarden Euro anzespueren. Dem Bart de Wever seng Nieuw-Vlaamse Alliantie an de liberale Mouvement Réformateur wëllen heifir d'Depensen am Santéssecteur kierzen. D'Sozialiste vu Vooruit an déi Lénksliberal "Les Engagés" fuerderen dogéint eng méi héich Verméigenssteier.
Wann de Kinnek Philippe d'Demissioun vum Premierminister unhëlt, mussen Neiwalen organiséiert ginn. Den de Wever wollt u sech spéitstens bis en Dënschdeg e Budget op d'Bee gestallt hunn.