Summerdream Festival zu StengefortAm Naturschutzzentrum "Mirador" gouf dës éischten Editioun organiséiert

Christophe Hochard
Liesungen, Theaterperformancen, Musek an ënnert anerem e Clown stoungen um Menü. Am Ganze ware 45 Artisten um Rendez-vous.
Summerdream Festival zu Stengefort
Am Naturschutzzentrum “Mirador” gouf des éischten Editioun organiséiert

Jonke Kënschtler eng Chance ginn, hinnen eng Bün bidden, fir sech dem Publik kënnen ze presentéieren an hiert Talent esou ënner Beweis ze stellen. Dëst ass d’Haaptiddie vum “Summerdream Festival”.

Am Naturschutzzentrum “Mirador” zu Stengefort gouf dës éischten Editioun organiséiert. De ganzen Owend si jonk, talentéiert Leit op deene verschiddenste Plazen am Park opgetrueden.

Liesungen, Theaterperformancen, Musek an ënner anerem e Clown stoungen um Programm mat am Ganze 45 Artisten. Och Kannertheater gouf organiséiert, deen nawell e grousse Succès hat.

Back to Top
CIM LOGO