
Den Emmy-Gewënner ass e Méindeg no enger kuerzer, schroer Krankheet verscheet, esou seng Pressespriecherin. Hien hannerléisst eng Fra Ami Brabson an dräi Jongen. D’Koppel war iwwer 30 Joer laang bestuet.
11 Mol war Andre Braugher am Laf vu senger Karriär fir een Emmy nominéiert, 1998 gouf hie mam Präis fir seng Haaptroll als Detektiv an der Drama-Serie “Homicide: Life on the Street” ausgezeechent. 2006 krut hien den Emmy nach emol fir d’Thriller-Serie “Thief”. An der Serie “Brooklyn Nine-Nine”, déi vun 2013 bis 2021 gelaf ass, huet den Andre Braugher de strenge Captain Ray Holt gespillt, dat un der Säit vum Andy Samberg sengem Charakter Jake Peralta.
Eng Rei Schauspillerkolleegen hunn dem Andre Braugher schonn Äddi gesot. Dorënner och den Terry Crews, deen och an der Serie “Brooklyn Nine-Nine” ze gesi war: “Ech fille mech geéiert, dech kannt ze hunn, mat dir gelaacht ze hunn, mat dir zesummegeschafft ze hunn an aacht wonnerbar Joer mat dir gehat ze hunn, an deenen ech däin onvergläichlecht Talent gesi konnt.”