An der Ausstellung l’Alchimiste invitéiert den Nationalmusée um Fëschmaart de Public, d’Wierk vum Kënschtler nees oder fir d’éischt ze entdecken.
Als Alchimiste, sou gëtt de Kënschtler Arthur Unger an der Ausstellung vum Nationalmusée um Fëschmaart bezeechent.
Konkret schafft de Kënschtler mat enger oppener Flam, déi hien op Koffer applizéiert. Duerch d’Oxidatioun vum Metall ënnert der Hëtzt entstinn da Formen a Faarfnuancen, déi mat Encre de Chine oder Faarwen ervirstieche léisst.
Bis Mëtt Oktober kann ee vum Arthur Unger senger Wierker am Nationalmusée um Fëschmaart wuertwiertlech a Feier a Flam versetze loossen.