Historesch Tounopnamen opgetauchtAss dat d'Stëmm vum Frida Kahlo?

RTL Lëtzebuerg
An engem mexikaneschen Archiv vun engem Radiosanimateur ass en Toundokument opgedaucht, op där een d'Stëmm vun enger ganz bekannter Fra héiert ...

Et geet ëm déi mexikanesch Molerin Frida Kahlo, déi bekanntste Molerin aus Latäinamerika.

"Op sou eppes hu mir laang gewaart" sou den Direkter vum Archiv, de Pável Granados, well sou eng Opnam mat der Stëmm vum Frida Kahlo huet bis ewell net existéiert, hir Stëmm wier ëmmer e grousst Rätsel gewiescht, wat ee vum Ausgesinn net behaapte kann, well beim Numm Frida Kahlo denkt een automatesch un déi déck Aperhoer.

An dat hei ass op der Opnam ze héieren "Mat sengem asiatesche Kapp, op deem donkel Hoer wuessen, sou dënn a reng, datt se an der Loft schwiewen ze schéngen, ass hien e grousst, risegt Kand, mat frëndlechem Gesiicht an trauregem Bléck".

Dat ass en Text, deen d'Frida Kahlo 1949 fir hire Mann, de bekannte Moler Diego Rivera, verfaasst hat. Méi genee am Kader vu senge 50 Joer Karriär.

Den Text ass sécher vun der Molerin, elo soll nach gepréift ginn, ob d'Stëmm dann och wierklech zu hir passt. Dës Opnam huet dem Radiosanimateur Alvaro Galvez Y Fuentes gehéiert, dee schonn 1975 gestuerwen ass.

E bësse Gléck, spillt bei dëser Entdeckung och eng Roll, ëmmerhin hat de gudden Alvaro Galvez Y Fuentes ronn 146.000 Beiträg hannerlooss, déi de Radiosender Televisa an d'Archive ginn huet, fir ze digitaliséieren. Et geet een dovunner aus, datt de Beitrag mat der Stëmm vum Frida Kahlo entweder 1953 oder 1954 opgeholl ginn ass, awer eréischt no hirem Doud ausgestraalt gouf.

D'Frida Kahlo ass déi wuel bekanntste Molerin aus Latäinamerika a gëtt haut nach a Mexiko veréiert. D'Duechter vum däitsche Fotograf Carl Wilhelm "Guillermo" Kahlo ass 1907 zu Coyoacán, haut Mexiko-City, op d'Welt komm, hat mat 6 Joer Kinderlähmung a wier bal mat 18 Joer an engem schwéiere Verkéiersongléck ëm d'Liewe komm. Eng Staang aus Stol hat sech duerch hire Kierper gebuert, sou datt d'Molerin eng Zäit laang un d'Bett gefesselt war. A genee do huet d'Karriär vum Frida ugefaangen; deen éischte Portrait vu sech selwer war am September 1926 fäerdeg.

Back to Top
CIM LOGO