Sëllegen Affichë weisen engem de Wee bis op d’Place Philippe Leroy an d’Salle des Carmes. Hei kann een nach bis den 28. Mee eng Rees maachen duerch dem Louis de Funès säi Liewen.
Et ass en Trëppeltour duerch säin Universum. Biller, Zeechnungen, Maquetten, Dokumenter, Skulpturen a Kostümer kritt een hei ze gesinn, dorënner och e groussen Deel original Requisiten aus senge Filmer.
Fir Verschiddener ass a bleift de Louis de Funès Kult an dofir fënnt een dann och hei déi beschten Zeenen aus senge Filmer, allkéiers mat Erklärungen. Vic-sur-Seille ass do dernieft e wonnerschéint Duerf tëscht Wäibierger a Weieren mat engem mëttelalterlechen Touch, een deemno als Kiischt um Kuch nach an dem Louis de Funès seng Welt andauche kann.
Et gëtt also genuch ze entdecken zu Vic-sur-Seille an der Lorraine.