"Intimate Audrey"Ausstellung zu Bréissel : Dem Audrey Hepburn ganz no

RTL Lëtzebuerg
An der Gebuertsstad vun der bekannter Schauspillerin kann ee säit dem 29. Abrëll eng Ausstellung iwwer hiert Liewe besichen.
© AFP/John Thys

Den 4. Mee 1929 ass d'Audrey Ruston, wéi d'Actrice mam Meederchersnumm geheescht huet, zu Bréissel op d'Welt komm. Mat iwwer dausende vu Biller a perséinleche Géigestänn kréien d'Visiteure vun der "Intimate Audrey"-Ausstellung een intimen an déiwen Abléck an d'Liewe vun der Film- a Moud-Ikon. Dës Géigestänn goufe vun engem vun hiren zwee Bouwen zur Verfügung gestallt, dem Sean Hepburn Ferrer, den 1960 op d'Welt koum.

© AFP/John Thys

Et léiert een net onbedéngt eppes Neies, mee et gëtt een awer erëm an déi Zäit zeréckversat, wou der jonker Actrice hir Carrière fir d'éischt ugefaangen huet. Et erlieft een, wéi aus dem Meedchen déi Fra ginn ass, déi jiddereen kennt, sou hire Jong. Schauspillerin, Moud-Idol, Mamm: mat all dëse Wierder kann een déi bekannte Fra beschreiwen, ënner anerem huet sech d'Audrey och fir Unicef agesat. Bannen deene leschte 5 Joer vun hirem Liewen huet si do als Ambassadrice gedéngt.

De Produzent Sean Hepburn Ferrer, Bouf vun der Actrice Audrey Hepburn an dem amerikanesche Produzent Mel Ferrer.
De Produzent Sean Hepburn Ferrer, Bouf vun der Actrice Audrey Hepburn an dem amerikanesche Produzent Mel Ferrer.
© AFP/John Thys

Zwee Oscare goufen der Actrice iwwerreecht, 1993, dat Joer wou dem Audrey seng 2. Oscar-Éierung annoncéiert gouf, ass d'Schauspillerin an hirer Residenz an der Schwäiz un enger seelener Kriibserkrankung gestuerwen.

De Samschdeg wier d'Audrey Hepburn 90 Joer al ginn.

Back to Top
CIM LOGO