Arman & Elisa vum Kiyan AgadjaniAuszeechnung fir Lëtzebuerger Kuerzfilm zu Austin

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Austin Film Festival huet de Lëtzebuerger Kuerzfilm "Arman & Elisa" vum Kiyan Agadjani de Jury Award an der Kategorie "Short Film" gewonnen.

Ëm di 6.000 Kuerzfilmer aus der ganzer Welt si fir de Festival zu Austin eragereecht ginn, ma nëmme 6 dovunner ware fir di offiziell Competitioun nominéiert, dorënner och “Arman & Elisa”.

Dem Kiyan Agadjani säi Kuerzfilm “Arman & Elisa” hat dëst Joer um Luxembourg City Film Festival seng national Première gefeiert. De jonke Realisateur ass nach net esou laang an der Filmzeen dobäi, ma huet awer schonn op ville Produktioune als Regie-Assistent oder Produktiounsmanager geschafft. “Arman & Elisa” ass säin zweeten Kuerzfilm.

“Ech hu mat immens talentéierten an jonke Leit zesummegeschafft. Um Set ze schaffen, mécht mir esou eng grouss Freed, souwuel mat de Schauspiller wéi mat den Techniker. Dat ass eppes, wou ech wierklech opbléien an et ass ëm sou méi schéin, datt mäi Film fir de LuxFilmFest selektionéiert ginn ass.” (Kiyan Agadjani)

Am Film “Arman & Elisa” geet et och ëm d’Kommunikatioun, an dësem Fall zwee Kanner, déi net di selwecht Sprooch schwätzen an awer e Wee fannen, fir mateneen ze kommunizéieren. An der Geschicht geet et ëm den iranesche Jong Arman, deen op Lëtzebuerg kënnt an hei ageschoult gëtt. Seng eenzeg Bezuchspersoun an der Schoul ass d’Elisa, dat hei vun der Vicky Krieps hirer Duechter gespillt gëtt. “D’Arman an d’Elisa sinn zwee Kanner, déi keng gemeinsam Sprooch hunn an awer versti se sech immens gutt. Mee d’Erwuessener hannendrun, sief et d’Proffen oder d’Elteren, déi hunn zwar eng gemeinsam Sprooch, mä trotzdeem stëmmt eppes net an der Kommunikatioun oder an der Empathie.”

De Kiyan Agadjani huet iranesch Originnen an ass hei zu Lëtzebuerg opgewuess. D’Geschicht vum Arman ass net autobiographesch an awer ginn et Parallellen.

“De Film steet och fir e kulturellen Echange, fir Integratioun, fir Versteesdemech an Deelen. Dat ass jiddefalls eppes, wat ech aus menger Kandheet mat erabruecht hunn. Ma awer och di desagreabel Saachen, déi den Arman erlieft, wéi zum Beispill komesch Blécker vun den Erwuessener oder Elteren.”

“Arman & Elisa” ass och dëst Joer fir de Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie “Beschte Kuerzfilm” nominéiert.

Back to Top
CIM LOGO