"B-Movie-Ikon" mécht et méiglechBarbenheimer als Low-Budget-Comedie geplangt

RTL Lëtzebuerg
"Barbie" an "Oppenheimer" waren déi wuel meescht diskutéierte Filmer vum Summer. En Amerikaner wëll déi zwee elo zesummebréngen.
© AFP

Déi erfollegräich B-Movie-Ikon Charles Band schafft aktuell un der Low-Budget-Comedie “Barbenheimer” a wëll esou vum Erfolleg vun deenen zwee Kinosfilmer profitéieren.

“Et ass awer och eng Geleeënheet, fir mat der kuriéiser Mëschung vu béide Filmer, an der Kombinatioun vum Barbie senger Stëmmung an der Däischtert vun Oppenheimer, Spaass ze hunn. Wann ee béid zesummebréngt, huet een d’Méiglechkeet, däischteren Humor ze kreéieren”, erzielt de Regisseur.

Zanter dem Ufank vun den 1970er Jore produzéiert hie Low-Budget-Horrorfilmer. Dorënner falen zum Beispill Tourist Trap, Mansion of the Doomed oder The Gingerdead Man. A gutt 50 Joer huet den haut 71 Joer alen Amerikaner un iwwer 400 Produktioune matgeschafft.

Deemnächst soll d’Besetzung an de Regisseur vum Barbenheimer annoncéiert ginn. Och wann de Budget vun enger Milliounen Dollar de Barbie-Star Margot Robbie ausschléisst, zielt de Film zu engem vun deenen deierste Produktioune vum Charles Band.

Back to Top
CIM LOGO