Wann déi renomméiert Tate Gallery vu London freet, fir Wierker hei zu Lëtzebuerg auszestellen, ass dat schonn eppes ganz Besonnesches, virun allem fir d’Villa Vauban. Hei kann een nämlech den Ament d’Wierker vum englesche Landschaftsmoler John Constable gesinn. Fir d’Villa Vauban war et deemno eng grouss Éier, déi englesch Meeschterwierker op Lëtzebuerg ze bréngen an domat ee vun de bedeitendste Landschaftsmoler aus senger Zäit ze weisen.
Den John Constable gëllt niewent dem William Turner als de berüümtsten englesche Landschaftsmoler aus dem 19. Joerhonnert. Den John Constable war mat ee vun deenen éischte Moler, deen an der fräier Natur geschafft huet. Eng grouss Faszinatioun hat hie fir d’Formatioune vun de Wolleken an huet déi och wëssenschaftlech studéiert. Ma vill Succès hat den John Constable deemools awer nach net.
“D’Landschaftsmolerei war nach net als eegene Bildsujet etabléiert. Dowéinst war et eng relativ radikal Decisioun vum John Constable sech komplett der Landschaftsmolerei ze widmen. An et war immens couragéis,” seet d’Angelika Glesius, Conservatrice vun der Villa Vauban.
Eng ganz besonnesch Verbindung hat den John Constable zu senger Heemechtsstad Suffolk am Südoste vun England. Si ass och domat säin Haaptmotiv a ville Biller. De Moler war awer zu Liefzäite permanent hin a hier gerappt. Fir den John Constable war et eng artistesch Erausfuerderung, d’Natur sou authentesch wei méiglech ofzebilden an awer och seng Emotiounen auszedrécken.
“Zum Beispill den Doud vu senger Fra war eppes, wat hien als Moler och a senge Biller veraarbecht huet. Dat léisst sech och gutt a senge Wierker ofliesen, wéi si sech verännert hunn. A sengem Spéitwierk ass villes net méi sou authentesch, mee méi idealiséiert, konstruéiert a symbolesch opgelueden.”
Déi wichtegste Kollektioune vum John Constable fënnt een all an England, vun dohier ass et exzeptionell, iwwerhaapt esou eng grouss Sammlung hei zu Lëtzebuerg ze weisen. Dobäi kënnt awer nach e weidere Grond, dee fir d’Villa Vauban interessant ass.
“De William Turner war dem John Constable säi bekanntste Rivale a Zäitgenosse. De William Turner ass och duerchaus hei zu Lëtzebuerg bekannt an ass och an de Sammlungen vum Nationalmusée vertrueden. Mir wollten dann bëssen de Géigepaart weisen.”
Den Esprit vum John Constable kann een och ausserhalb vum Musée spieren an dat mam “Johns Cottage"a sengen englesche Spezialitéiten. A bis den 9. Oktober ass d’Ausstellung vum Landschaftsmoler an der Villa Vauban ze gesinn.