
Dobäi sinn dat net seng éischt Brandstëftungen.
Schonn 2008 hat hien eng éischte Kéier Feier geluecht. An der Kabinn vun engem Pompjeeswon zu Schëffleng – Do wou hie selwer vu Kand un an de Pompjeeë war. Hien war enttäuscht, iwwert e Kolleeg aus der Kasär.
E Méinden de Mëtten huet hien déi zwou rezent Brandstëftungen zouginn a sech bei den Affer entschëllegt. "Et war net aus Expressegkeet, ech wollt net, datt e Mënsch sollt zu Schued kommen", esou den Ugekloten, dee sech net wollt virstellen, wann engem eppes geschitt wier. Fir seng éischt Brandstëftungen hat den Ugeklote scho sechs Joer feste Prisong kritt. Mee hien hat sech duerch d'Bascht gemaach an an de Paraguay ofgesat. Do war hien eng éischte Kéier vun der Police opgegraff ginn, mee koum mat e bësse Bestiechung dovun. Déi zweete Kéier gouf hien an Argentinien ausgewisen, vu wou hie schliisslech op Lëtzebuerg ausgeliwwert gouf.
Nodeems hien aus dem Prisong koum, krut hie säi Liewen net op d’Rei. Trotz Meeschterbréif als Schräiner. Den Ugekloten huet mat 16 Joer ugefaangen ze drénken an huet e schwéieren Alkoholprobleem. Och wéi hien d’Feier 2019 um Camping an 2023 Am Hotel um Grondhaff geluecht huet, war hie schwéier alkoholiséiert. De psychiatreschen Expert huet him eng liicht Aschränkung vu senger Handlungsfäegkeet attestéiert.
Justement well hien alkoholiséiert war, esou den Expert, wier den Ugeklote kee Pyroman. Déi géifen aus Freed Feier leeën, bei klorem Verstand, huet de Psychiater erkläert, ouni datt se Substanzen zou sech huelen. Pyromanie wier eng ganz seele Krankheet, déi ee beim Ugekloten ausschléisse kéint. Hien hätt Feier geluecht, well e rosen a frustréiert war. Hien hätt keng Loscht méi gehat ze liewen, esou de Ugekloten selwer an der Audienz.
"Do ginn et aner Methoden, wéi en Hotel mat 23 Leit dran unzefänken", huet de President vum Geriicht him geäntwert.
Kuerz virum deem Brand hat den Ugekloten nees e Sevrage gemaach a sollt am Fong dono an eng länger Therapie. Mee seng Doktesch hat vergiess, d’Demande dofir virun hirem Congé anzeschécken. Eng Relatioun mat enger Fra, duerch déi hie sech valoriséiert gefillt huet an e gemeinsame soziale Projet mat hir ware kuerz virdrun an d’Bréch gaangen. Dunn huet hie mam Briquet um Späicher vum Hotel eng Plastiksbaatsch ugefaangen. D’Gespär stoung bannent Minutten a Brand.
Béid Kéieren huet hien nach versicht, d’Feier ze läschen. Mee um Camping sinn zwee Chalete komplett verbrannt. Den Hotel war dono onbewunnbar. Seng Noperen hunn hir Wunneng an alles, wat dra war, verluer. Eng Partie vun hinnen hu sech e Méinde Partie civile erkläert an Dommage gefrot. Hoffnung, datt den Ugekloten, déi ka bezuele, gëtt et kaum.
Eng jonk Fra, déi fir en Job an der Recherche aus Algerie koum, huet wéinst hirem CDD keng nei Wunneng fonnt, ass schliisslech op Thionville geplënnert. Mee do konnt si net bleiwen, well si just en Titre de séjour fir Lëtzebuerg hat. Eng aner huet de Budget, dee si an hire Mann fir d’Hochzäit gespuert haten, missen an d’Kautioun fir eng nei Wunneng investéieren, si huet huet dat lescht Joer vun hirer Léier net fäerdeg gemaach.
E fréieren Noper huet nom Brand wärend dräi Joer op der Strooss gelieft. "Ech si vum Reen erwächt, well s du mam Briquet gespillt hues."
Si goufen net beim Feier blesséiert, mee de Schued war trotzdeem immens.
De Prozess geet en Donneschden virun.