D’Biennale ass eng gutt Geleeënheet, ze weisen, wat d’Lëtzebuerger Konschthandwierk, ma awer och dat aus dem Ausland ze bidden huet. 10.000 Leit hate sech d’Editioun vun dësem Joer ugekuckt. Am Kader vun der Ausstellung goufen en Dënschdeg den Owend an der Chambre des Métiers zwee Präisser fir déi beschte Kreatiounen iwwerreecht, ee Mol de Paräis vun der Jury an ee Mol den RTL-Publikumspräis, iwwert deen Dir op RTL.lu ofstëmme konnt.
Béid Präisser sinn dëst Joer un déi selwecht Persoun gaangen, nämlech un d’Joey Adam. Si huet sech op historesch a cinematographesch Kostümer spezialiséiert. Fir hir Korsetter ze schafen, brauch et eng gutt Basis am Bitzen, der Skulptur ewéi och der Molerei. Ma och den Ëmgang mat de Materialie muss maîtriséiert sinn.
Eng Mentioun spéciale gouf et dann och nach fir dem Pit Brandenburger säi Projet “Fallen Trees”. En Hommage un d’Beem an un den Artisanat.