"Diego y yo"Bekannt Wierk vu Frida Kahlo no 25 Joer rëm ëffentlech ausgestallt

RTL Lëtzebuerg
De Portrait "Diego y yo" vun 1949 gëtt e Freideg fir d'éischt Kéier zanter 25 Joer am Musée fir latäinamerikanesch Kënscht zu Buenos Aires ausgestallt.
© SOTHEBY’S/AFP/Handout

Dat deelt den argentineschen Entreprener a Grënner vum Musée, den Eduardo Costantini, mat, deen d’Konschtwierk am November fir eng Rekordzomm vu 34,9 Milliounen Dollar op enger Stee vum Auktiounshaus Sotheby’s gesteet hat. Bis dohin hat den Tablo “Los Rivales” vum Diego Rivera aus dem Joer 1931 de Rekord gehalen, deen 2018 fir 9,76 Milliounen Dollar vum Auktiounshaus Christie’s versteet gouf.

Um Portrait “Diego y yo” ass d’Kënschtlerin Frida Kahlo mam Gesiicht vun hirem Mann Diego Rivera op der Stier ze gesinn. Wéi d’Bild am Joer 1949 entstanen ass, hat de Rivera eng Affär mat der mexikanescher Schauspiller Maria Felix. D’Duerstellung vun hirem Mann als drëtt A op der Stier vun der Frida Kahlo soll Konschtexperten no e Symbol fir d’Muecht sinn, déi de Rivera iwwer der Kënschtlerin hir Gedanken hat.

D’Wierk “Diego y yo” wäert d’Haaptattraktioun vun der Ausstellung “Tercer Ojo”, also drëtt A, sinn, wou am Ganzen iwwer 240 Biller ausgestallt ginn.

D’Mexikanerin Frida Kahlo ass fir hiren extravagante Stil bekannt a gehéiert zu de bedeitendste Kënschtlerinnen aus Latäinamerika. A ville vun hire Biller, wouzou sëllege “Selbsportraiten” gehéieren, huet si hir perséinlech Erliefnesser veraarbecht, wéi zum Beispill hir leidenschaftlech Léift fir den Diego Rivera.

Back to Top
CIM LOGO