Dem Ben Greber seng skulptural Wierker sinn d’Resultat vun engem intensiven Transformatiounsprozess - am wiertlechen, wéi och am iwwerdroene Sënn. Deen däitsche Kënschtler beschäftegt sech a senger Konscht mat Objeten, déi an der Vergaangenheet eng grouss wirtschaftlech a sozial Bedeitung haten. Rieds ass vun Objeten a Maschinnen, déi am Industriezäitalter wichteg Funktiounen haten, mat der Digitaliséierung awer hire Sënn verluer hunn. Genee sou, wéi och d‘Aarbechtsprozesser an déi si involvéiert waren no a no ëmmer méi onsiichtbar gi sinn.

D’Ausstellung leeft nach bis den 25.02.2024 an der Escher Konschthal.