
D'Schaffe vum Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis (1952-2016) steet am Mëttelpunkt vun enger grousser Retrospektiv, déi de MUDAM organiséiert. Commissaire vun der Ausstellung ass den Enrico Lunghi an Zesummenaarbecht mam Christophe Gallois.
A senger Aarbecht huet de Bert Theis permanent probéiert, Situatiounen ze schafen, an deenen de Spectateur derzou verleet gëtt, sech Gedanken ze maachen iwwer seng Präsenz an seng Plaz an der Welt. Hie selwer huet seng Wierker gär philosophesch beschriwwen. Fir de Bert Theis war de Kënschtler e sozialkriteschen a responsabele Mënsch. Sou huet hien zu Lëtzebuerg geschafft, awer och vun 1993 zu Mailand am Isola Art Center, senger "konkreter Utopie".

D'Ausstellung Bert Theis - Building Philosophy - Cultivating Utopia ass bis den 25. August.
Fir d'Marie-France Goerens ass d'Skulptur net vun der Beweegung ze trennen. D'Kënschtlerin, déi als Déierendoktesch geschafft huet, ass eréischt spéit bei d'Konscht komm. Inspiréiert dozou gouf se bei der Visitt vun enger Ausstellung vum éisträichesche Kënschtler Erich Wurm. Si huet doropshin decidéiert, zu Wien Konscht ze studéieren a krut dunn d'Méiglechkeet, an enger Masterclass beim Wurm Bildhauerei a Multimedia ze studéieren.

An der Ausstellung "Wild walks to poetic forms" huet se sech u Situatiounen aus dem Alldag inspiréiert, hir Wierker liewen vun der Beweegung an dem Raum.
D'Ausstellung ass bis de 5. Mee an der Abtei Neimënster ze gesinn.
"Styx" ass e Film vum Wolfgang Fischer a setzt sech mat enger aktueller Thematik ausenaner.
D'Rike, 40 Joer an Doktesch vu Beruff, ass eleng mat hirem Seegelschëff am Atlantik ënnerwee. No engem Stuerm entdeckt se e Flüchtlingsboot a Séinout. Nodeems se Hëllef geruff huet, bleift se selwer op Distanz, sou wéi se dat matgedeelt kritt huet. Nodeems awer nach ëmmer keng Ënnerstëtzung optaucht, decidéiert d'Rike ee vun de Flüchtlingsjongen, deen iwwer Bord gesprongen ass, ze hëllefen. Mä wat ass mat all deenen aneren?
E Mëttwoch 3. Abrëll um 19 Auer invitéiert "De Ronnen Dësch" op eng Spezial-Séance vu "Styx" a Präsenz vun der Actrice Susanne Wolff an den Utopia. Nom Film ass eng Diskussiounsronn.
Am Kader vum Zyklus "We love girrrls" setzt de Centre Culturel opderschmelz de ganze Mount Abrëll an d'Zeeche vun Artistinnen.
D'Virstellung vun der One-Woman-Show vum Catherine Elsen "Love, Death and Polar Bears" (Produktioun vum ILL) vum 1. Abrëll ass ausverkaaft, eng zweet Virstellung ass den 2. Abrëll och owes um 20 Auer.
E Mëttwoch den 3. Abrëll stellt d'Musekerin Sitta hiren Album "Part of me" vir. D'Sitta ass eng Schwäizer Musekerin mat persesche Wuerzelen, déi zu Lëtzebuerg lieft.
De Concert ass um 20 Auer.

Dëse Weekend ass déi lescht Méiglechkeet fir zwou intressant Ausstellunge kucken ze goen.
An der Villa Vauban ass dat "Art non-figuratif" mat Wierker vun de Lëtzebuerger Kënschtler Bertemes, Kerg, Probst, Wercollier, Wolff.
Um 16 Auer ass e Concert ActArt "Winterreise Schubert". D'Sonja Neumann (Text), d'Marie-Reine Nimax-Weirig (Sopran) an d'Tatsiana Molakava (Piano) interpretéieren d'Winterreise an enger Adaptatioun mat der Projectioun vu 24 Tableauen vum Cycle Winterreise vum Joseph Probst.

Déi zweet Ausstellung ass "Leit an der Stad" mat 200 Momentopnamen am ëffentleche Raum vun den 1950er Jore bis haut. D'Foteo stamen aus der Fotothéik, aus der Sammlung vum Musée an aus Privatbesëtz. Mat Biller vun Pol Aschmann, Batty Fischer, Tony Krier, Edaouard Kutter, Théo Mey, Marcel Schroeder, Marcel Tockert an dem Kollektiv Street Photography Luxembourg.
